Heefeg gestallt Froen (FAQ)

Waat ass eng Europäesch Biergerinitiativ (EBI)?

Eng Europäesch Biergerinitiativ (EBI) ermeiglescht et europäeschen Biergerinnen an Bierger konkret Ännerungen vun den Rechtsvierschreften an den Beräichen ze ermeigleschen, an deenen d´Europäesch Kommissioun befugt ass, en Rechtsakt fierzeschloen. Soubaal eng Initiativ 1 Millioun Ennerstetzungsbekundungen gesammelt huet an daat op mannst an 7 Membersstaaten, dann muss d´Europäesch Kommissioun entscheeden, ob se handelt. Egal obs du d´Pétitioun online oder op Pabaier ennerzeechens: geff w.e.g. all dei gefuerdert Informatiounen richteg un, well soss deng Ennerschreft net zielt.

Waat geschitt, wann mier eis Ziel erreechen?

An deem Fall ass d´Europäesch Kommissioun verpflicht, op eis Fuerderung formell ze reagéieren. D´Organisatorinnen an d´Organisatoren vun der EBI kennen d´Initiativ dem europäeschen Parlament, direkt fierstellen. Duerch d´Erreechen vun meih ewéi enger Millioun Ennerschreften kenne mier politesch Entscheedungsdroer wéisen, dass Wunnen en Zukunftsthema fier d´Europäesch Union ass an dringend eng besser europäesch Politik brauch.

Ween kann d´EBI „Housing for All“ ennerzeechnen?

Jiddfer EU-Bierger kann ennerzeechnen, deen:

  • Engem EU-Membersstaat staatsugehéiereg ass (ausser GB) an
  • Op mannst den Alter huet, fier un den Wahlen vum Europäeschen Parlament deelzehuelen, also 18 Joer oder meih, mat Ausnahm vun Eisterräich, wou den Alter 16 Joer ass

Besich d´Website vun der Europäeschen Kommisioun fier weider Informatiounen.

Ween ass fier Wunnen an Europa politesch zoustänneg?

Wunnen läit an der Kompetenz vun den Membersstaaten. Et gin awer europäesch Gesetzer wéi d´Bäihellefsrecht, d´Fiskalregelen an d´Wettbewerbsrecht, déi d´Thema Wunnen stoark beaflossen. Dohier fuederen mier vun der EU eng besser Gesetzgebung fier bezueltbart Wunnen.

Virwaat gin Informatiounen vun mier gebraucht?

All EU-Membersstaat entscheed, welch Daten enger Persoun fier eng EBI-Pétitioun erfuerderlesch sin. E Puer Membersstaaten brauchen jhust en Numm an eng Address, aanerer brauchen Daten wie Deng Nummer vun Denger Carte d´identité. All d´Informatiounen, déis Du op der Petitiounssäit agess, gin nemmen vun deem Membersstaat fier d´Anerkennung vun denger Ennerschreft verwendt an onverzüglesch no dem Zielen vun denger Ennerschreft secher vernicht.